Clubzeitung 02|08 - Walfer Foto
Transcription
Clubzeitung 02|08 - Walfer Foto
Walfer Foto-Frënn Luc Ramponi Clubzeitung 02|08 Info 02/2008 1. Comité News Den 11. Februar hate mer eis Assemblée Générale. Niewt enger 20 Memberen waren de Buergermeeschter, den Här Paulus als Vertrieder vun der FLPA an d’Press an eise Studio komm fir dem President, dem Sekretär an der Trésorière hir Ausféierungen ze lauschteren. Zesummegefaast kann e soën, datt d’Joer 2007 en „normalt“ Joer war, mat enger Rei flotten Aktivitéiten wou regelméisseg méi wéi 10 Membere matgemaach hunn. D’Joer 2008 gëtt méi spannend, well mir do den éischte grousse Projet fir 2009, nämlech d’Ausstellung „Walfer Leit Gëschter an Haut“ an Ugrëff huelen. Dofir siche mer bekanntlech aal Fotoen vu Walfer, dene mer dann, an der Ausstellung, Fotoen vun Haut géintiwwer stellen. Datt dat eng opwänneg Aarbecht ass versteet sech vum selwen an dovir brauche mer all Hëllef déi mer kréie kënnen. Avis aux amateurs! Zousetzlech kënnt nach de „Championnat National de la FLPA » de mir jo 2009 zu Walfer organiséieren a wou d’Virbereedung och schon dëst Joer ugeet. Wat soss nach alles 2007 am Club lass war a wat mer Iech fir 2008 proposéiere wëllen kënnt Dir am Rapport d’activités noliesen. 3. 2. Aktivitéiten E Sonndeg, den 20. Abrëll ass zu Walfer den Départ vum Télévie Stärentour fir Motorieder. Mir si gefrot ginn, fir vun dem Evenement Fotoen ze maachen an als DVD fir den Télévie ze verkaafen. Dofir brauche mer awer op mannst 3 – 4 Fotografen a grad esou vill Leit um Stand, fir d’Bestellungen vun den DVD’en opzehuelen. Di ganz Manifestatioun geet vun ca 8.00 Auer bis 14.00 Auer. Wien interesséiert ass fir hei matzemaachen, soll sech w.e.g. bis den halwe März beim President oder beim Sekretär mellen. D’Walfer Jugendhaus feiert dëst Joer säin 10. Anniversaire a mir si gefrot ginn, fir verschidde Manifestatiounen an Evenementer fotografesch ze begleeden. Spéider sollen dës Fotoen an enger Ausstellung gewise ginn. E Samschdeg, den 8. März, vun 14.00 Auer un, ass en éischten Fotoshooting an eisem Studio respektiv am Balletssall um 2. Stack am Centre Amélie.Och hei: Avis aux amateurs! Weider Aktivitéiten si geplangt a ginn zu gegebener Zäit per E-Mail matgedeelt. D’Kotisatiounen si fir 2008 onverännert bliwwen, also 15€ fir di aktiv Memberen a 5€ fir d’Familljememberen a fir Studenten. D’FLPA-Lizens kascht 5€. Wien seng Memberskaart nach net bezuelt huet, soll dat w.e.g. maachen mat engem Virement op e vun de Konten vum Klub: CCPL LU47 1111 0031 6662 0000 oder BGLL LU18 0030 3461 0846 0000. Programm bis enn Mee 3/3 : Diskussioun iwwer Nuetsfotografie ; 17/3 : Nuetsfotografie um Kierchbierg ; 7/4 : Diskussioun Nuetsfotografie (Resultater) ; 21/4 : Filmowend zu Schëndels beim Norbert Hansen**; 5/5 : Diskussioun iwwer d’Fotoen vum Projet „Jugendhaus“ (mat Vertrieder vum JH); 19/5 : Fotoshooting dobaussen (eventuell mat engem Model). ** Den Norbert Hansen huet e privaten Kino, wou mir e Film aus den Archiven vun der Walfer Gemeng gewise kréien. Dee Film (oder en ähnlechen) soll während eiser Ausstellung „Walfer Leit Gëschter an Haut“ gewise ginn. 4. RAPPORT DES ACTIVITES 2007 4.1. QUELQUES CHIFFRES Membres: • Fin 2007, le club comptait 92 membres, 59 membres actifs (dont 14 membres avec licence FLPA) et 33 membres honoraires. Comité: • 10 personnes Réunions: • 8 réunions du comité • 20 réunions périodiques des membres avec en moyenne 11,3 personnes/réunion Divers :• Envoi de 4 „INFO-Membres“ et de 3 périodiques « Clubzeitung » • Utilisation du studio : 84 fois par 14 membres différents Finances : • L’exercice 2007 a été clôturé avec un boni de 2.103,99€ • Au 31.12.2007, l’avoir en compte s’élevait à 11.228,26€ 4.2. ACTIVITES EN 2007 • Workshop avec Pierre Levy: le traitement des images en format RAW ; • Préparation d’un calendrier ; • „Sorties photographique“ au Sonnebierg à Walferdange et à Luxembourg-Ville; • Photos des classes scolaires de Walferdange, Bereldange et Helmsange ; • Séance de photos panoramiques de la Ville à partir du plateau du Rham et traitement des photos prises sur le PC du club ; • Visite de l’exposition « World Press Photo 2007 » au château de Clervaux ; • Reportage photo du Foyer Vollekslaf Walfer ; • Concours interne annuel et exposition des photos au Centre Prince Henri ; • Présentation du logiciel « MAGIX » suivie d’une présentation de photos sur la Toscane ; • Séance de photos dans l’exposition de Noël chez « Wüst » à Steinsel ; • Photos avec la classe scolaire de M. Laurent Hennes ; • Visite des Casemates ; • Présentation de photos sur l’Islande par Edmée et Paul Schmit-Streff. 5. PRÉVISIONS DES ACTIVITÉS EN 2008 • Photos des classes scolaires de Walferdange, Bereldange et Helmsange ; • Reportage-photo du Vollekslaaf ; • Reportage photo sur certaines activités organisées par la Maison des Jeunes Woodstock et initiation des jeunes à la photographie numérique ; • Participation à une activité « photo » pendant la « fête d’été » des classes primaires ; • Reportage-photo du départ des Charity bikers lors de la journée Télévie (Stärentour); • Workshop : traitement des images en photoshop Elements ; • Workshop : Ombres et lumières - la photographie en studio ; • Workshop : La photographie analogique en noir et blanc – essais en chambre noire ; • Photos de nuit au Kirchberg – Philharmonie, Mudam …; • 1 – 2 Projections de Photos; • Concours interne (sujets : « Augenblicke » + sujet libre) avec exposition ; • Visites et excursions, (avec et sans caméra) ; • Réalisation d’un calendrier pour 2009 ; • Préparation des manifestations prévues dans le cadre du 25e anniversaire des WFF et notamment du Salon National de la FLPA avec l’édition d’une brochure y relative et d’une exposition de photos « Walfer Leit Gëschter an Haut » en collaboration avec l’administration communale de Walferdange. Patrick Heller - Neijoerschpatt am Studio Paul Provost - Assemblée Générale Paul Provost - Assemblée Générale Editeur: Walfer Foto-Frenn Redaktioun: Walferdange Port Payé PS/633 Patrick Heller Guy Rehlinger Luc Ramponi Layout: Luc Ramponi Copyright: WFF 2007 Editeur responsable: Walfer Foto-Frënn B.P. 72 L-7201 WALFERDANGE www.wff.lu [email protected] Parution:Périodique