Bulletin de liaison n°6 Juli 2015 - Info

Transcription

Bulletin de liaison n°6 Juli 2015 - Info
Bulletin de liaison n°2 mars 2016
- deutsche / luxemburgische Texte
Editorial
Mobil sein bedeutet teilhaben
Am 21. September 2015 organisierte Info-Handicap, im Rahmen der Europäischen
Mobilitätswoche, die Aktion "Transport Passion" in der Bahnhofshalle Luxemburg.
Die allgemeine Feststellung im Bereich der Transportmittel und Infrastrukturen ist die, dass der
"Bereich Transport" immer moderner und immer besser ausgerüstet ist.
Für Info-Handicap ist die Zugänglichkeit des öffentlichen Transports für alle Reisenden
vorrangig, denn das Recht mobil zu sein ist unverzichtbar um ein Sozialleben zu haben, und
die Menschen leben gerne in der Gemeinschaft.
Um die Wichtigkeit der Mobilität für Alle zu unterstreichen, hatten mehrere Personen ihre Angst
überwunden und haben ihre Texte auf einer Bühne mitten im Bahnhof und zur
Hauptverkehrszeit vorgetragen. Ihr Einsatz war umso bemerkenswerter, da viele Ehrengäste
anwesend waren.
Die Texte, die immer noch Gültigkeit haben, werden in diesem "Bulletin", welches der
persönlichen Mobilität gewidmet ist, aufgegriffen.
Bravo an Frau Collette Schmit vom Verein der Blindenführhunde Luxemburg.
Bravo an Herrn Rigobert Rink und Frau Marie-Paule Max vom Verein der Verkehrsopfer, die
hauptsächlich über das Thema "man ist nicht behindert, man wird behindert" improvisiert
haben.
Bravo an Hernn Gast Groëber, Dichter und Ehrengast.
Bravo an Grunz.
Bravo an Frau Nathalie Gaudron von Info-Handicap.
Fabienne Feller
Coordinatrice de l’action „Transport Passion“
Sie erhalten das Bulletin auf Anfrage umsonst, jedoch können Sie die Veröffentlichung mit
einem freiwilligen Jahresabonnement von 15 € unterstützen (Details auf der Rückseite des
Bulletins).
Wir bedanken uns im Voraus bei Ihnen.
Text vum Här Gast Groeber, Dichter
Et rullt
Scho fënnef Minutten!
Dass den Zuch ausgerechent haut erëm Verspéidung muss hunn!
Wou hien dach de Moien direkt op déi wichteg Reunioun muss.
Hie kuckt rondrëm sech.
Dee Mann am Stull do.
Soll deen och eng Aarbecht hunn? Jo, firwat eigentlech net?
Ganz relax gesäit deen aus, deen huet bestëmmt keng wichteg Reunioun herno.
De Paff vum Schaffner, d’Zische vun den Dieren, de Ruck, deen duerch de Waggon geet.
Deem anere säi Stull réckelt kee Millimeter. Soll do eng Brems dru sinn?
De Mann am Stull kuckt hien. Hien dréit de Kapp ewech. E muss ophalen, dee Kärel esou
unzestierksen.
Sou eppes mécht een dach net!
****
Kupplung, liicht Gas, Kupplung, Brems.
Déi rout Rei vun hënneschte Lute kritt einfach keen Enn.
Haut geet et awer erëm iwwerhaapt net virun. An dobäi wor hie jo awer extra mat
Zäit doheem fort gefuer. Well e jo déi Reunioun de Moien huet.
Um Radio mellen se lo just en Accident bei der Sortie Leideleng.
Et ass fir ze baschten! Dass esou Saachen awer och ëmmer an deene schlechste Momenter
passéieren!
Mee bon, d’Sortie Leideleng ass jo net méi sou wäit ewech.
****
Den Zuch rullt. D’Geräisch vun de Rieder op de Schinnen, hie genéisst dat.
Dee Mann dee vis-­à-­vis vun him steet, huet de Kapp ewech gedréit. Hien ass bestëmmt
genéiert. Vill Leit schéngen sech net wuel ze fillen, wann se säi Rollstull gesinn. Et ka jo net
seng Behënnerung sinn, déi s’ofstéisst?
Vläicht fillen si sech onwuel well si mengen, si wiere gesond an hien net?
Mee, hien ass jo awer u säi Rollstull gewinnt. Hie fillt sech gutt a sengem Liewen.
Oder ass et just nëmme well si stinn an hie sëtzt?
Vläicht ass et, well si op hien erofkucke mussen, an dat gëtt hinnen dann e schlecht Gefill.
****
Ui, dat huet jo anstänneg gekraacht. Déi Ween si wierklech just nach Schrott. Et ass awer
Gottseidank kengem eppes geschitt. Dat sote s’op jidder Fall virdrun an den Noriichten um
Radio.
Elo misst et jo dann awer endlech e bëssche weidergoen!
D’Schoulbusse sti schonn a laange Schlaangen op hire Spuren, fir d’Autoen ass et ni laang
gréng.
Hee, der Däiwel nach emol, wat ass dat do fir e Schléifer !
Seng Fanger klabberen un der Renkel.
-Et ass gréng, du Nicki! Hues du Tomaten op den Aen?
Seng flaach Hand schléit op de Klaxon.
D’Lut wiesselt erëm op Rout.
Ma jo super!
Wat eng Päif!
Bestëmmt um Handy gekniwwelt ! En topege Facebook-­Statement gepost oder geliked.
Egal wat !
*****
Hien hat e léif ugeschwat, him de Klappstull nieft sech ugebueden. An du wore s’an
d’Gespréich komm. Elo schnësse s’iwwert dëst an dat, d’Aktualitéit, den Job, d’Wieder an hir
Hobbyen. Iergend eng Kéier erzielt en och vu senger Behënnerung. An en ass dobäi déi
ganzen Zäit esou positiv.
E feine Kärel, am Fong geholl!
Hie ka ganz ganz subtil Iwwerleeungen a Bemierkunge maachen a si laachen och emol
heiansdo gutt zesummen.
D’Bremse schiipsen, den Zuch hält.
Iwwert d’Lautsprecher erkléngt eng Stëmm. ‘Gare Lëtzebuerg’.
D’Dieren zischen op, frësch Loft schwieft an de Waggon.
E puer Presséierter drécken sech virun déi aner bei d’Dir. Hie klëmmt schliisslech als Leschten
eraus, zesumme mat enger schwangerer Fra a mat sengem neie Kolleg.
Dee refuséiert all Hëllef, erkläert him dass hei alles behënnertegerecht ageriicht ass.
An da grinst en:
-Loosse mer et rullen! a verschwënnt mat sengem Rollstull tëscht de Leit um Quai.
*****
Wat deen eppes trentelt! Huet deen d’Gaspedall a sengem Auto nach net entdeckt?
Dass deen awer ausgerechent och nach dee selwechte Wee wéi hie fiert!
O waart Männchen!
No der nächster Lut lénks abéien, dann zweespureg. Do gëtt e gefëmmt!
E Bléck op d’Auer.
Fënnef op - dat misst nach esou just duergoen!
Gréng.
O nee, wéi hëlt deen d’Kéier dann elo? An da bleift en och nach stoen!
Allez hëpp, lénks laanscht, dat geet.
Nee.
Merde!
*****
Seng Hänn gräife mat Schwong un d’eise Reefer vu senge Rieder, dréie fest.
Hei kritt en ëmmer Vitesse, well et esou flott flaach ass.
Ei, a wat eng Chance, et ass gréng.
E rullt iwwert d’Zebrasträifen.
Hhh
Pneue quiitschen.
De Won ass nëmmen e puer Zentimeter vun em ewech un d’Hale komm. Hie spiert d’Hëtzt
ënnert deem Capot, kuckt driwwer.
De Chauffeur ass ganz bleech, hält d’Steier fest un.
Hie wénkt em aus sengem Rollstull, hieft en Daum an d’Lut.
Alles okee.
*****
Säin Häerz hummert em an den Oueren, seng Fanger si verkrämpt.
Hie stäipt seng Stir op d’Steier, hëlt e puer mol déif Loft.
Hannert him tut et.
Am Réckspigel gesäit en een anere Chauffeur wëll gestikuléieren.
Dee Rollstullfuerer!
Hie gesäit en déi aner Säit op den Trottoir eropfueren an ëm den Eck verschwannen.
De Won nieft em ass verschwonnen.
Hannerun em tut et erëm.
“Text by Grunz”
Bis dass ech op deene ronne Been mat Speechelen ennerwee war, woren meng Erfahrungen
mat der ageschránktener Mobilitéit op Kannerpoussetten drecken an op meng hallefdóut
Bomi, déi ech duerch ee sinisteren Spidoolsgang an den 70er Johren spadzéieren gefouert
hun, begránzt. Deemols war deen eenzegen behennertegerchten Ausgang fir eeler Leit nach
deen áus der Morgue. Daat huet sech gottseidank iwert d’Johren, op mannst an de Kápp
vun de Leit, lues a lues geánnert. Bei den Infrastrukturen bleiwt awer nach yet Arbescht… fir
net ze soen ee Johonnertschantgen; wei ass et soss z’erkláren, dass haut nach Tsunamisecher
Trottoiren gebaut ginn, déi zwar keen Autofuerer drun henneren, den Trottoir zóuzeparken, eis
mat den ronne Been awer secher dovun ofbrengen den Falschparker zémfueren.
Ech kéint mech stonnelaang iwer d´Falschparker, an all déi di Handicapéiertenparkplaatzen
abusif besetzen, opreegen. Do ginn et der, déi besser laafen ewéi ech jee laafe konnt, an
dann Ántweren: “ech hu jo eng Kaart”… Dass et net d’Kaart ass di Handicapéiert ass oder
dass d’Bomi déi virun 2 Méint gestuerwen ass, jo eigentlech miss dobái sin, fállt kengem an.
Verstándlech, well och wann se just nach Nº 5 unhuet, géif se bestémmt net méi dono
rischen..
A wann een d’Kaart kritt weinst deem neien Ersatzdeel ewóu hien agebaut krut, kuckt keen
op di nei Schank irgendwann ausgeheelt ass: ee bessi Bobo spillen an ee Reesbengel an der
Kontroll gi jo duer, fir d’Kaart ze behaalen. Mais wáhrend eise Pseudohippert bescháftegt ass,
eng vollgepakten Tuut no dár aanerer a sáin Auto ze drone, fuere mir alt erem heem well
néirens eng Parplaatz breet genuch war fir den Rolli auszelueden. Mir kénnen dann just nach
warden, bis hien bei sengem náchsten Jogging laanscht eis leeft, fir en ze vernennen. Waat
zwar fundamental náischt ánnert, dofir awer gudd deet.. An da kommen déi mat den 2
Minuten: “ech war just bis op`de Bancomat” oder méi Tréinendrúsengerecht: “bis an
d’Apdikt”. Ech weess jo och dass et em den Euro schlecht bestallt ass, awer dass
d’Euroscháiner ewell am Rolli setzen, ass mir Nei… Mee an deenen “2” Minuten déi d’Kescht
Aspirin bráuch fir mam Reesbengel zereck an hiren Auto ze klammen, gin ech 300 meter mi
wait parken. De Falschparkert sollt mussen 300 honnert meter mat engem Aktivrollstull fueren,
amplaatz e Protokoll ewou hien just ee Máusklick maachen muss, fir deen ze bezuelen.
Daat alles ass jo nach business as usual. Mee sidd schon eng kéier mat engem Aktivrollstull
duerch d’Phillipsgaas oder duerch d´Grousgaas gefuer? Wann dir dann mam viischte Rad
zweschen deene schlechte ausgefóute Pavésteng hánke bleiwt, hutt dir Disneyland an
Phantasialand zesummen, wann dir dobái dann nach aus dem Rollstull rutscht, zur grousser
Freed vun all deenen déi hellefen kucken, da kann awer nu wirklech kee méih soen, dass
náischt gemaach gétt fir d’Animatioun vun der Uewerstaad.
Den absoluten Bock huet awer di nei Cité Judiciaire oofgeschoss: probéiert do eemol mam
Aktivrollstull an d´Gebai erenzekommen! Wann der et dann iwert di holpert Pavésteng
gepackt hutt, gidd der vun enger vun deenen fest gefierderten Diren erschloen oder si
verbéiern Iech den Rollstull. Den Architekt and Décideuren vun deem Gebái missten all di
Pavésteng dohinner kréien, ewou ech hinnen se wenschen. Am beschten all Daag een.
Iwregens, ech sin fir ee strikt Vaselinnverbuert.
Ech ginn da léiwer an eng Shoppingmall, do sin keng Pavésteng. Do musst Dir just op d’Leit
oppassen, déi net kucken wóu se higinn oder just nach virun áer ronn Been laafen. Dann
kennt dir allkéiers erem nei ufueren. Daat ass sport a gudd fir d’Gesondheet. Wann ech net
esóu gudd a Form sin, dann dréckt meng Duechter mech durch d’Rayo’en. Ech benotzen
dann dauernd meng Bimmel fir dass d’Leit an hirer Spuer bleiwen. Daat huet winni meng
Duechter esóu generft dass hat mech venannt huet: “ Papp, haal dach op mat dengem
bloeden Gebimmels!” Daat hun ech dunn och gemaach. 30 Sekonnen duerno haat ech eng
schick Madaemmchen op mengem Schóus setzen. Si war awer net no mengem Goût, mir
hunn se dofir erem laafen gelooss. Sait deem daerf ech erem Bimmelen.
Am báschten sinn déi Leit, déi hiren cáddy op di eng Sait virun ee Rayon parken, an
versichen, dee Rayon vis-a-vis mat hirem Kasaerestack bleckfest oofzedaecken. Meeschtens
jaitzen se dann nach ganz haart: “Braucht Dir hellef?” Ech fueren dann séier an Deckung a
waarde léiwer bis d’Gefoor eriwer oder besser elaanscht ass. Well daat ass déi Zort vu Leit déi
sech an der Kees op aere Caddy stierzen, iech en ongefroot am pure Chaos op den
Keessenteppech eidelen an am báschten nach alles am selwechte Chaos an Tuuten
druddelen, fir dass mir herno nach eng Stonn daerfen drun haenken fir alles nei ze tesselen.
Mir Rolli’en tesselen naemlech anescht: net no Kichen, Frigo a Buedzemmer, mais no Volume
a Gewiicht, fir dass mir et an den Auto an duerno an d’Haus kréien. Well eis Mall vum Auto ass
jo scho mam Rollstull besaat.
Mais mobilitéit, an a fortiori di europáesch, ass net nemmen Alldaag. Ech war viru kurzem an
d’Vakanz, dofir sin meng Zaenn elo esou schei brong. Well et meng eischt Fligervakanz am
Rolli war, hunn ech léiwer bessi mei deier bezuelt, an ee lokalen touroperator mat enger
lokaler Fluchgesellschaft iwer ee lokalen Reesbúro gebucht. Um Voucher stoung: “Passenger
in whellchair can’t walk steps”. Dee mam Fligerrolli um Findel war zwar zimlech onbehollef fir
den Transfert an haat guer keng Ahnung wei een e Rollstull zesummeklappt, war awer ganz
frendlech an et huet och alles fonktionnéiert. Seng Kollegen zu Teneriffe ware vill meih
granzeg, dofir awer héich Kompétent. Ech sin ganz ukomm a beim Guide vu mengem
lokalen Touroperator oofgeliwert gin: eng barsch Spuenierin, wuel kurz virun der Pensioun an
mat daer secher kee wéillt bestued sin. Si huet mir den Uerder ginn mech gefaellegst beim
Bus arrèt nr.70 ze prásentéieren. Daat war allerdengs ee normale Reesbus mat daer
ueblecher Hingerleeder fir eran an ouni plaatz fir den Rolli. Op meng Froo hin, wei ech dann
an den Hotel soll kommen, huet di Damm mat der spezieller Frendlechkeet gemengt dass
daat main Probleem wier. Ma Himmel du Ketty, wann ech fléien kéint, da braicht ech och
keen Fliger fir op d’Insel. Ech hun dun ee Rollstulltaxi geholl an war 20 minuten drop am Hotel.
Ech bedaueren just dass ech mat engem Touroperator gefuer sin. Totaaal useless. Iwregens
sollten di Letzebuerger Décideuren´rouheg eng Béier-rees op Teneriffa maachen an kucken
wéi einfach et do mam Rolli ass. Esuguer een Rollitaxi fannt dir ganz einfach bannen 2
minuten an ouni mei ze bezuelen ewei di aner. Wann dir kuerzfristeg een zu Letzebuerg
bráucht, dann git dir richteg geplemmt. Zu Teneriff ass daat alles keen Thema. Ouni sech
mussen 3deeg virun unzemellen an ouni extrazertifikat vum Dokoter. Et ass an Europa net
verbueden, dass ee vun deem aaneren léiert an daat dann och emsetzt; awer da richteg
mat Schmass an net nemmen an den Sondesrieden. Ech geif esuguer mat mir verhandele
loosen, wat d’Vaselinnverbuet betreeft, mee iwert d’Pavésteng loossen awer net mat mir
discutéieren. Déi sin verdingt.
321 Vakanz - Spezialisierter Ferien- und Freizeitdienst für
Personen mit Behinderung und/oder eingeschränkter
Mobilität
Ziel von 321 Vakanz ist es, Personen mit einer Behinderung und/oder mit eingeschränkter
Mobilität, verschiedene, qualitativ hochwertige Ferienangebote zur Verfügung zu stellen, dies
selbstverständlich unter Berücksichtigung der besonderen Bedürfnisse.
321 Vakanz bietet folgende Leistungen an:
•
Individuelle Begleitung zu Ihrem persönlichen Reiseziel sowie zu allen
Freizeitaktivitäten:
Geschulte, ehrenamtliche Mitarbeiter begleiten Sie auf Ihren Reisen oder in Ihrer
Freizeit: z.B. bei einem Museums- oder Kinobesuch, oder zu einem Tagesausflug.
•
Unterstützung und Beratung bei der Organisation von individuellen Reisen oder bei
Familienreisen:
Suche von barrierefreien Unterkünften und behindertengerechten Transportmitteln für
das gewählte Reiseziel, sowie Kontaktherstellung zum örtlichen Pflegedienst.
•
Gruppenreisen oder Ausflüge:
Ausgebildetes Personal sowie geschulte, ehrenamtliche Mitarbeiter bieten eine
hochwertige Begleitung an: z.B. Unterstützung im Alltag bei der täglichen Pflege,
Planung und Durchführung von Freizeitaktivitäten vor Ort, sowie eine soziopädagogische Begleitung, usw.
•
Bereitstellung von Hilfsmitteln:
Diese Hilfsmittel erleichtern den Alltag während des Urlaubs sowie den Zugang zu
verschiedenen kulturellen und/oder sonstigen Freizeitstätten: z.B. mobile Rampen oder
Bettgitter, Joëlette, ….
All diese Angebote ermöglichen auch Ihnen das Reisen.
Bestellen Sie unsere Broschüre mit den Gruppenreisen für 2016 in Deutsch oder Französisch
oder besuchen Sie unsere Internetseite www.321vakanz.lu .
Aktuell sind noch Plätze verfügbar für die Reise nach Nieuwpoort „Ferien für Paare“ vom 18.22.Juli.
Auch für weitere Informationen stehen wir Ihnen gerne zur Verfügung.
Noch in diesem Frühjahr eröffnen wir ein spezialisiertes Reisebüro in Walferdange, Ecke route
de Diekirch, rue de la Gare. Zögern Sie nicht uns zu besuchen und vor Ort auf unsere Dienste
zurückzugreifen.
Kontakt:
Service 321 Vakanz
Tricentenaire asbl
1, rue de la Gare
L-7228 Walferdange
Tel : 332233-321 (Montag, Mittwoch, Freitag, 9.00-17.00)
Wussten Sie, dass Info-Handicap eine Broschüre für die Fahrer von Bussen und Minibussen
herausgegeben hat ? Das Layout der Broschüre in deutscher und französischer Sprache ist
von Nathalie Gaudron und enthällt wertvolle Hinweise und Ratschläge. Sie wurde an alle
Unternehmen geschickt, die Transporte für Menschen mit Behinderungen organisieren.
http://www.info-handicap.lu/index.php/fr-FR/documents/transport/710-sicher-ans-ziel
10 Ausgaben im Jahr
Sie erhalten das Bulletin auf Anfrage und kostenlos, jedoch können Sie die Veröffentlichung
mit einem freiwilligen Jahresabonnement von 20 € unterstützen: IBAN LU80 1111 1125 1794
0000 (BIC: CCPLLULL).
Die eingereichten Texte werden unter der Verantwortung der jeweiligen Autoren
veröffentlicht und geben nicht unbedingt die Meinung der Redaktion wieder.
Die nächste Ausgabe erscheint am: 04.04.2016
Redaktionsschluss für die nächsten Bulletins: 21.03 / 25.04 / 30.05
Sie können das Bulletin auf unserer Internetseite www.info-handicap.lu (Rubrik: „documents“)
als PDF-Dokument herunterladen. Eine gratis Audioversion des Bulletins erhalten Sie bei der
„Blannevereenegung“ - Tel.: 32 90 31 262.
Textes français
Editorial
Etre mobile c’est participer
Le 21 septembre 2015, dans le cadre de la semaine européenne de la mobilité, InfoHandicap organisait l’action „Transport Passion“ dans la Gare de Luxembourg.
Le constat général que l’on peut faire au niveau des moyens de transports et des
infrastructures, c’est que l’« espace transport » est de plus en plus moderne et de mieux en
mieux équipé.
Pour Info-Handicap, l’accessibilité des transports publics pour tous les voyageurs est
primordiale car le droit de se déplacer est essentiel pour avoir une vie sociale et les êtres
humains aiment vivre en société.
Pour souligner l’importance de la mobilité pour tous, plusieurs personnes ont bravé leur peur
et sont venues déclamer leurs textes sur une scène installée au coeur de la gare centrale et
en pleine heure de pointe. Leur engagement était d’autant plus remarquable, au vu de la
présence de nombreux invités d’honneur.
Les textes, qui sont toujours d’actualité, sont repris dans le présent « Bulletin » dédié à la
mobilité personnelle.
Bravo à Mme Colette Schmitz, de l’Association des Chiens Guides d’Aveugles au
Luxembourg
Bravo à M. Rigobert Rink et Mme Marie-Paule Max de l’Association des Victimes de la Route
qui ont surtout improvisé sur la thématique, « on n’est pas handicapé, on le devient ».
Bravo à de M. Gast Groëber, poète et invité d’honneur.
Bravo à Grunz.
Bravo à Mme Nathalie Gaudron d’Info-Handicap
Fabienne Feller
Coordinatrice de l’action « Transport Passion »
L’envoi du bulletin est gratuit, mais vous pouvez en soutenir la publication grâce à un
abonnement annuel volontaire de 15 € (détails au verso du bulletin).
Nous vous remercions d’avance.
Entre le tout et le rien, il y a le peu
Témoignage de Madame Colette Schmitz de Dudelange
Le but de cette communication est d’attirer l’attention sur un problème généralement
méconnu.
Il s’agit de celui que rencontre la personne qui, tout en n’étant pas aveugle, se trouve
fortement handicapée au niveau de la vue. Je pense par exemple au cas de la rétinite
pigmentaire, qui se manifeste dans un premier temps par une perte de la vision nocturne.
Dans un second temps, le champ visuel se rétrécit à une vision en « tunnel » et peut aboutir à
la cécité.
Tout déplacement expose alors la personne malvoyante à de nombreux risques d’accidents.
La circulation des véhicules et des personnes, les obstacles occasionnels sur la voie publique,
les dénivellations continuelles au sol deviennent autant de pièges sournois.
On comprendra aisément que la solution la plus efficace est d’avoir recours à la canne
blanche et à l’apprentissage de son maniement. Mais aussitôt une nouvelle source d’ennuis se
présente, en l’occurrence sur le plan de la vie sociale. Dans l’esprit des nombreux passants
que l’on croise à chaque instant, la canne blanche est l’attribut exclusif de l’aveugle.
Pour les personnes voyantes, il n’y a que deux alternatives : on voit ou on ne voit pas ! Très peu
d’entre elles ont à l’esprit qu’il existe des maladies qui réduisent fortement la vision et
comportent un risque de cécité.
Supposons maintenant qu’une personne atteinte de rétinite pigmentaire se servant de la
canne blanche s’arrête devant un étalage ou salue un ami. Les témoins de la scène ne
manqueront pas de s’étonner, voire d’émettre des réflexions désobligeantes. Ils
soupçonneront en effet une forme d’abus ou de fraude.
Ceci dit, il n’est guère possible d’informer au cas par cas tous ceux qui se scandalisent à tort.
Ce serait à chaque fois une goutte d’eau dans la mer.
A cet égard, il serait donc absolument nécessaire de poursuivre l’information collective, à
travers notamment les médias et la formation scolaire. Les administrations communales
pourraient également envisager l’envoi d’un courrier spécifique.
On éviterait ainsi que les handicapés de la vue se privent d’un outil de sécurisation par simple
crainte du qu’on dira-t-on!
En plus de la canne blanche, les personnes malvoyantes doivent également s’armer de
courage. Il nous faut brandir l’arme fatale : la parole ! En effet, il s’agit d’apprendre à oser
interpeller le chauffeur de bus pour lui signaler la situation de malvoyance. Il s’agit
d’interpeller l’accompagnateur de train afin de lui expliquer si oui ou non nous avons besoin
de son aide. Dans certains cas, il s’agit d’interpeller aussi les passants, sans les voir, afin de
vérifier si l’on est ou pas au bon endroit ou si l’on se dirige dans la bonne direction. Tous ces
trucs qui permettent aux personnes malvoyantes d’entrer en contact avec un interlocuteur ou
de se déplacer en autonomie sont transmis par des instructeurs en mobilité. Leur
professionnalisme et leur aide sont indispensables. Mais le courage de se lancer seul dans les
transports publics n’incombe qu’à nous-mêmes.
Côté public, un effort serait le bienvenu en vue de dépasser les préjugés qu’entraînent trop
souvent les différences.
L’épanouissement personnel
Nathalie Gaudron, graphiste avec une maladie rare.
« L’épanouissement personnel – comment y parvenir ? Épanouissement – un grand mot.
Mais qu’est-ce que cela signifie en fait ? Est-ce que tout le monde peut s’épanouir comme il
veut ou est-ce qu’il existe ici encore des obstacles insurmontables pour certaines personnes?
Est-ce que l’épanouissement personnel se réalise de façon autonome ou est-ce qu’il faut
prendre les rênes soi-même?
Le terrain pour notre épanouissement personnel se prépare déjà dès l’enfance. Ici, la politique
doit permettre une éducation scolaire et sociale optimale à tous les enfants. Plus tard, il
incombe aux employeurs de décider s’ils ou elles sont prêts à embaucher une personne en
situation de handicap et à lui donner ainsi la chance de se prouver.
En dehors de cela, il nous revient à nous-même de nous libérer de l’attitude « ça vaut pas la
peine » et d’entamer le projet « épanouissement personnel» avec ardeur ».
Service d’Information Juridique Info-Handicap
Vous craignez de ne plus pouvoir continuer à travailler à cause de votre état de santé en
relation avec un handicap/ une maladie ou à cause de votre mobilité réduite ?
Le service d’information juridique d’Info-Handicap, peut vous informer sur les aides,
procédures et prestations existantes au Luxembourg dans le domaine du travail et du
handicap.
Intéressés ?
Contact : [email protected] ou 366 466 1
Label d’accessibilité EureWelcome
Vous aimeriez savoir si vos locaux répondent aux critères d’accessibilité du label national
EureWelcome ?
Nous pouvons venir chez vous pour faire un état des lieux. Vous-même et/ou votre personnel
pouvez bénéficier d’un briefing sur l’accueil de visiteurs ou clients en situation de handicap.
Si vous en remplissez les critères, la plaquette EureWelcome vous sera remise dans le cadre
d’une séance officielle à la Direction générale tourisme du Ministère de l’Economie et votre
entreprise sera publiée sur le Site Internet www.eurewelcome.lu.
Intéressés ?
Contact : [email protected] ou 366 466-1
Formations Info-Handicap
Info-Handicap organise régulièrement des formations de sensibilisation qui vous permettront
d’avoir un premier contact avec le handicap. Une formation qui vous permettra de vous
faire une « photo » sur les capacités de chacun.
Intéressés ?
Contact : info@@iha.lu ou 366 466 1
Service d’Information Juridique Info-Handicap
Vous avez le sentiment qu’un droit dû ne vous est pas accordé, mais vous ne le savez pas
exactement ?
Le service d’information juridique d’Info-Handicap, peut vous informer sur les aides,
procédures et prestations existantes au Luxembourg.
Si nécessaire, vous pouvez consulter gratuitement un avocat dans les locaux d’InfoHandicap.
Intéressés ?
Contact : [email protected] ou 366 466 1
Formations Info-Handicap
Prendre le temps de comprendre les besoins des autres, c’est vouloir avancer ensemble.
Pouvoir mieux répondre aux besoins spécifiques par une communication et des gestes mieux
adaptés permet de mieux vivre ensemble.
Intéressés ?
Contact : [email protected] ou 366 466 1
RESOLUX – Réseau Social Luxembourgeois
Saviez-vous qu’Info-Handicap assure la mise-à-jour de la base de données www.resolux.lu?
Ce répertoire regroupe plus de 2500 acteurs du domaine social au Luxembourg. Les données
sont organisées en différentes catégories et sous-catégories selon les rubriques « Accueil de
jour », « Accueil de jour et de nuit », « Services » et « Associations ». De temps en temps, les
données sont publiées sous forme de document imprimé.
Intéressés ?
Contact : [email protected] ou 366 466 1
Dans le cadre de ses 25 ans, le centre propédeutique et
professionnel „Liewenshaff“ et l‘a.s.b.l. Päerd‘s Atelier
organisent un
COLLOQUE
„LA RELATION AU COEUR DU TRAVAIL AVEC DES POPULATIONS COMPLEXES“
Enjeux de la prise en charge éducative, pédagogique, professionnelle et
psychothérapeutique.
JOURNEE 1- Vendredi 22 avril 2016
•
Atelier 1 : Valérie DUVIVIER
La motivation chez les enfants et les adolescents : un élément essentiel à comprendre
et travailler afin de créer une bonne alliance thérapeutique
•
Atelier 2 : Joëlle LETSCH
Lehrlinge erfolgreich ausbilden
•
Atelier 3 : Stéphane RUSINEK
Alliance thérapeutique avec l’enfant : Quelques petits trucs pour les cas difficiles
•
Atelier 4 : Christian WOLZFELD
Möglichkeiten und Grenzen einer (sonder)pädagogischen Didaktik
JOURNEE 2 – Samedi 23 avril 2016
•
Stéphane RUSINEK : Les techniques écologiques transdiagnostiques chez l’enfant
•
Michel MENEGOZ : Une aventure hors du commun
•
Christian WOLZFELD : Das Spezifische einer möglichen
beziehungsorientierten(Sonder)pädagogik
•
Valérie DUVIVIER : La motivation des jeunes, l’arbre qui cache la forêt
Les 22 et 23 avril 2016
Veuillez nous contacter pour des renseignements supplémentaires
Tél: 265 606 75
Mail: [email protected] www.liewenshaff.lu
10 éditions par an
L’envoi du bulletin est gratuit, mais vous pouvez en soutenir la publication grâce à un
abonnement annuel volontaire de 20 € : IBAN LU80 1111 1125 1794 0000 (BIC: CCPLLULL).
Les textes transmis sont publiés sous la responsabilité des auteurs respectifs et ne reflètent pas
nécessairement l’opinion de la rédaction.
La prochaine édition paraîtra le : 04/04/2016
Fin de rédaction pour les prochains Bulletins: 32/03 / 25.04 / 30.05
Vous pouvez télécharger une version PDF du bulletin sur notre site www.info-handicap.lu
(rubrique „documents“). Une version audio gratuite est disponible auprès de la
„Blannevereenegung“ - Tél.: 32 90 31 262.