D` Ëmsetzung vun der Reform vun der Fonction publique am

Transcription

D` Ëmsetzung vun der Reform vun der Fonction publique am
Luxembourg, le 14 mars 2013
D’ Ëmsetzung vun der Reform vun der Fonction publique
am Secteur vum Enseignement fondamental
Léif Memberen,
Entspriechend dem Regierungsprogramm, huet déi aktuell Regierung eng Reform vun der Fonction
publique an Ugrëff geholl an och schonn an d’Weeër geleet. D’Regierung ass fest decidéiert, fir déi
Reform an all de Secteure vun der Fonction publique, also och am Enseignement, duerchzeféieren.
Weder d’CGFP nach hir vill Ënnerorganisatiounen, zu deenen och den SNE gehéiert, waren
Demandeur fir esou eng déifgräifend Reform. Eréischt no laangen a ganz schwierege Verhandlungen
an no der Conciliatioun vun engem Litige huet d’CGFP engem Kaderaccord zu dëser Reform
zougestëmmt. Dobäi däerf een op kee Fall vergiessen, datt virdrun d’Regierung hiren urspréngleche
Reformprojet vun der Fonction publique ouni Dialog mat de Gewerkschaften einfach duerchzéie
wollt. D’CGFP huet et fäerdegbruecht, datt éischtens de ganze Reformprojet a ville Punkten
ofgeschwächt gouf an zweetens d’Regierung nees bereet war, fir sech mat den Ënnerorganisatiounen
un een Dësch ze setzen an op hir Bedenken anzegoen.
Well den Enseignement e Secteur mat ganz spezifesche Charakteristiken innerhalb vun der Fonction
publique ass, huet den SNE versicht, seng Revendicatiounen an de Verhandlungen zu der Ëmsetzung
vun dëser Reform am Beräich vun der Educatioun duerchzesetzen.
Déi Revendicatiounen hutt dir jo als Membere vum SNE duerch d‘Urofstëmmung vum Januar 2012
massiv ënnerstëtzt a mat deem Mandat si mir och an d’Verhandlunge mam MENFP a mam MFPRA
era gaangen. Dës net einfach Verhandlungen hu sech iwwert méi wéi ee Joer gezunn.
Och duerch är Präsenz op der Strooss bei der Manif vum 22. Mäerz 2012 krute mir méi Poids fir mat
de Ministeren ze verhandelen.
Et muss een sech awer bewosst sinn, datt et a Verhandlungen zu Kompromësser kënnt an een net
an alle Punkte Satisfaktioun kréie kann. Mee den SNE huet awer erreecht, datt senge
Revendicatiounen a 5 vu 6 Punkte Rechnung gedroe ginn ass.
D’Regierung huet an der Tëschenzäit de Projet de loi op den Instanzewee bruecht. Et ass e Fait, datt
d‘ Regierung decidéiert bleift, fir hir Reform statutaire an der ganzer Fonction publique ouni
Ausnahm duerchzezéien. Aus dem Gronn huet den SNE sech an de komplizéierte Verhandlungen
dofir agesat, datt déi Reform sou vill wéi méiglech de Spezifizitéite vun eisem Beruff ugepasst gëtt.
> Wa mir all déi Prinzipie vun der Reform en bloc fir den Enseignement géife
refuséieren, géife mir eise Statut als Staatsbeamten op d’Spill setzen, matt all
den negative Konsequenzen, déi dat fir de Schoulmeeschter hätt.
Den SNE huet sech decidéiert, aktiv un der Transpositioun vun de Grondprinzipien deelzehuelen
andeems hien Gespréicher mam Ressortminister gefouert huet, fir net herno viru e fait accompli
gestallt ze ginn.
> Den Accord, dee mir iech elo proposéieren ass dat beschtméiglechst
Resultat, wat den SNE an de Verhandlungen erausschloe konnt.
1° Am Enseignement gëtt et keng (alljährlech) individuell
Mataarbechtergespréicher
Gestion par objectifs :
Le MENFP et le SNE se sont mis d’accord que le PRS (Plan de réussite scolaire) est à considérer comme
la gestion par objectifs dans l’enseignement fondamental. Néanmoins, le MENFP s’est engagé à
simplifier autant que possible les questionnaires. Le PRS doit comprendre au moins un objectif ; s’il se
limite à un seul objectif celui-ci se rapporte nécessairement aux apprentissages. Les écoles auront la
possibilité d’adapter leur(s) objectif(s) en fonction de nouvelles données qui pourraient se présenter le
cas échéant pendant la mise en œuvre du PRS. Des entretiens annuels individuels ne sont pas prévus
dans le secteur de l’enseignement. Des entretiens collectifs seront organisés au cours de chaque
période de référence. Comme il s’agit d’une organisation interne de chaque école, la gestion par
objectifs ne sert ni à établir des rankings nationaux, ni à mettre en concurrence les différentes écoles.
> A folgende Punkten ass hei dem SNE senge Fuerderunge Rechnung gedroe
ginn:
-
Am Enseignement gi keng alljährlech individuell Mataarbechtergespréicher agefouert, wéi
dat an der Gestion par objectifs an all deenen aneren Administratiounen de Fall ass.
D’Gestion par objectifs bezitt sech op d’Zil(er), dat (déi) d‘Schoul sech am PRS ginn huet, an
net individuell op all Enseignant.
-
-
Den administrativen Opwand a Relatioun mam PRS gëtt erofgesat. Am Géigesaz zu deenen
aneren Administratiounen, kënnt am Enseignement näischt Neies duerch d‘Gestion par
objectifs dobäi, mä déi aktuell Form vum PRS gëtt vereinfacht.
Et gëtt kee Lien tëschent der Gestion par objectifs an der Appréciation personnelle.
D’Gestion par objectifs gëtt net derzou benotzt, fir e landeswäite Schoulranking ze erstellen
oder Schoulen ënnerteneen an e Konkurrenzkampf ze setzen.
2° D’Majoration d’échelons féiert net zu Poste mat enger
hierarchescher Fonctioun.
Majoration d’échelons pour postes à responsabilités particulières :
Pour l’enseignement fondamental sont à considérer comme postes à responsabilités particulières, les
postes retenus comme tels par le ministre sur base des missions et du cadre du personnel fixés dans
les lois organiques respectives.
Les postes à responsabilités particulières dans le groupe de traitement et le groupe d’indemnité A1,
A2, B1, C1 du sous-groupe enseignement sont énumérés ci-dessous suivant leur ordre de priorité :
1. l’agent attaché et chargé de mission au département de l’Éducation nationale et de la
Formation professionnelle ou à une administration dépendant de ce département et affecté à
un poste à responsabilités particulières tel que renseigné dans l’organigramme ;
2. l’agent remplissant la mission d’instituteur ressources ;
3. le président du comité d’école ;
4. le conseiller pédagogique assurant le suivi d’instituteurs-stagiaires ;
5. l’agent, instituteur ou chargé de cours, membre de la réserve de suppléants, dispensant des
cours d’accueil pour élèves primo-arrivants à raison d’une mi-tâche au moins pendant toute
l’année scolaire ;
6. l’agent travaillant avec les élèves dans les écoles fondamentales en tant que membre d’une
équipe multiprofessionnelle, à raison d’une mi-tâche au moins pendant toute l’année
scolaire ;
7. le coordinateur de cycle dans l’enseignement fondamental.
Si le nombre des fonctionnaires ou employés de l’Etat qui occupent un des postes énumérés ci-dessus
est supérieur au nombre autorisé par la loi de base, la majoration d’échelon est attribuée aux
candidats ayant la plus grande ancienneté dans l’occupation du poste et subsidiairement aux
candidats les plus âgés.
Lors de la répartition des postes à responsabilités dans l’enseignement, les effectifs respectifs
d’employés et de fonctionnaires seront pris en compte séparément.
Aucun pouvoir hiérarchique n’est lié à l’attribution de la majoration d’échelon.
En matière de condition d’ancienneté, une disposition transitoire pour le secteur de l’enseignement
sera élaborée. Ainsi, pendant une période transitoire de trois années, la condition d’ancienneté d’au
moins six années, requise pour accéder à un poste à responsabilités particulières sera calculée comme
suit: pendant la première année de la période transitoire les trois années de la période de stage
seront pris en compte pour la totalité, de sorte que les enseignants pourront accéder à un poste à
responsabilités particulières trois années après leur nomination. Pendant la deuxième année seules
deux années du stage seront prises en compte. Pendant la troisième année une seule année du stage
sera considérée. Finalement, à partir de la quatrième année, l’ancienneté sera calculée à partir de la
date de nomination et le stage ne sera plus pris en compte du tout.
Par ailleurs, il a été retenu que dans des situations exceptionnelles et lorsque seuls des candidats ne
remplissant pas la condition d’ancienneté de six années ont postulé pour un poste à responsabilités
particulières, le Ministre ayant l’Education nationale dans ses attributions peut accorder une dispense
en matière de conditions d’ancienneté.
> Den SNE huet sech dofir agesat, datt virun allem Leit, déi an de Schoule mat
de Kanner schaffe vun der Majoration d’échelon profitéiere kënnen.
-
-
-
D’Majoration d’échelons ass fir Posten, respektiv Tâchë virgesinn, mat deenen ee keng
hierarchesch Fonctioun vis-à-vis vun de Kollegen iwwerhëlt. An deem Sënn kënnt et net zu
enger Hierarchiséierung vun der Carrière an net zur Aféierung vu „klenge Cheffen“.
D‘Majoration d’échelons gëtt op eng Rei vu Posten an Tâchë verdeelt, déi elo schonn zum
gréissten Deel um Terrain existéieren. D’Majoratioun ass zu 90% fir Leit, déi an der Schoul
mat Kanner schaffen. Et ginn och keng nei administrativ Poste geschaf.
Méi eng grouss Zuel vun Enseignante, nämlech 15% , amplaz vun 10% bei dem Grade de
substitution, kënnen an de Genoss vun enger Majoration d’échelons kommen.
Et kann ee scho mat niddregem Déngschtalter an de Genoss vun enger Majoration
d’échelons kommen, an zwar no 6 Déngschtjoeren. Enner verschiddenen Ëmstänn ass et
méiglech d’Majoration d’échelons esouguer schonns éischter ze kréien. Et brauch een och
net de leschten Echelon erreecht ze hunn, wéi bis elo beim Grade de substitution.
3° De Schoulmeeschter kritt d’Méiglechkeet,
fir an d’Master-Carrière (grade A1) ze kommen.
Accès à la carrière du grade A1
Une carrière de l’instituteur spécialisé, détenteur d’un « Master » dont le libellé et le profil restent à
être déterminés, tout comme les attributions de l’instituteur spécialisé et ses missions, sera inscrite
dans le groupe de traitement A1 dans un sous-groupe qui reste à être précisé.
Le projet de loi fixant les conditions et modalités d’accès du fonctionnaire de l’Etat à un groupe de
traitement supérieur au sien et de l’employé de l’Etat à un groupe d’indemnité supérieur au sien sera
modifié de sorte à préciser que d’une part le pourcentage des agents éligibles pour pouvoir bénéficier
d’une carrière ouverte sera fixé à 5% pour les cinq premières années et que celui-ci sera augmenté à
chaque fois de 5% par tranche de cinq années subséquentes avec un maximum de 20% et d’autre part
que le mécanisme de la carrière ouverte pourra être transposé dans le secteur de l’Education
nationale par voie de règlement grand-ducal moyennant conditions à fixer.
L’accès au groupe de traitement A1 sera de même accessible par le mécanisme de la voie express
selon des modalités à définir ultérieurement.
> Den SNE huet sech schonn ëmmer dofir agesat, datt dem Schoulmeeschter
seng Ausbildung op e Master-Diplom hiféiert.
> Wat den Zougang zur Master-Carrière A1 betrëfft, ass dem SNE senge
Fuerderungen a folgende Punkte Rechnung gedroë ginn.


Am Groupe de traitement A1 gëtt eng Inscriptioun fir de Schoulmeeschter matt MasterDiplom virgesinn. (De Profil a seng Fonctioun bleiwen nach ze definéieren.) Matt dëser
Inscriptioun ass enger laangjäreger Revendicatioun vum SNE Rechnung gedroe ginn. Et ass an
eisen Aen een éischte Schrëtt fir d‘initial Ausbildung vum Schoulmeeschter op de
Masterniveau ze hiewen. Ouni esou eng Inscriptioun am neie Gesetz fir d’Fonction publique
wär dës Geleeënheet nees fir laang Zäit verpasst ginn. De Schoulmeeschter, deen also e
Master-Diplom huet, kritt d‘Méiglechkeet an den nei geschafene Groupe de traitement A1
(Master-Carrière) ze kommen.
Et ginn awer och Passerelle geschaf, fir vum Groupe de traitement A2 (nei Bachelor-Carrière)
an de Groupe de traitement A1 (Master-Carrière) ze kommen, ouni datt een e Masterdiplom
huet. Dëst ass fir d’éischte Kéier, datt et dem Schoulmeeschter méiglech ass, fir genee wéi an
den aneren Administratioune beim Staat, vun der Méiglechkeet vun der Carrière ouverte ze
profitéieren.
4° De Système d‘appréciation
An dem Punkt vum Système d‘appréciation hu mir eis Revendicatioun, fir den Enseignement dovun
auszeklammeren, net duerchgesat kritt. D’CGFP hat et wuel an hire Verhandlunge fäerdegbruecht,
datt d’Appreciatioun, déi vill méi dacks am Laf vun der Carrière virgesi war, op d’Moments clés vun
dëser Carrière reduzéiert ginn ass.
Obwuel mir de Ministeren duergeluecht hunn, datt esou e Système d’appréciation am Enseignement
wéineg bis guer kee Sënn mécht, war d’Regierung op kee Fall bereet nozeginn an op d’Aféiere vun
engem Système d’appréciation an engem spezifesche Secteur vun der Fonction publique ze
verzichten. Och an der Magistratur gëtt ewell eng Appreciatioun agefouert. D’Regierung klammert
guer kee Secteur méi aus an all Administratioune vun der Fonction publique kréien de Système
d’appréciation.
> Mir hunn awer an de Verhandlungen erreecht, datt déi komplex Grille,
wéi se an der Administratioun agefouert gëtt an déi och schonn ënnert den
Enseignantë circuléiert ass, net am Enseignement zum Asaz kënnt.
Système d’appréciation
Le système d’appréciation se limite aux moments-clés de la carrière : l’examen de fin de stage et
après respectivement 12 et 20 années de service à partir de la 1ère nomination. L’appréciation se fera
dans le dialogue et la transparence. A l’instar de tous les secteurs de la Fonction publique, le système
d’appréciation constitue un élément de carrière qui vaut pour tous les agents publics, donc également
pour les enseignants. Dans l’enseignement, l’appréciation ne peut pas se faire de la même façon que
dans les autres secteurs de la Fonction publique.
L’appréciation sera effectuée moyennant une grille d’appréciation spécifique définie au niveau
national et précisée par voie de règlement grand-ducal. Il sera veillé à établir un certain parallélisme
entre la grille d’évaluation appliquée dans l’enseignement fondamental et celle appliquée dans
l’enseignement post-fondamental. La période de référence est fixée à trois ans.
En contrepartie, les notes d’inspection seront abolies. En cas de réaffectation d’un instituteur,
l’appréciation la plus récente remplacera les notes d’inspection et sera considérée comme un des
éléments de classification.
Le supérieur hiérarchique procédera à l’appréciation de l’enseignant dans un entretien professionnel.
En cas de recours contre le résultat de l’appréciation, la commission spéciale, présidée par le
médiateur au sein de la Fonction publique sera saisie à l’initiative soit de l’agent concerné, soit du
chef d’administration.
Well et guer keng Méiglechkeet ginn ass, d‘Appréciation personnelle un de Moments clés (um Enn
vum Stage, no 12 Joer fir de Passage an den Niveau supérieur an no 20 Joer fir de leschten Echelon)
ganz aus dem Enseignement eraus ze kréien, huet den SNE sech dofir agesat, se op e strikte
Minimum ze reduzéieren.
> Ervirzehiewen ass,
-
-
datt den Enseignement eng Evaluatioun kritt, déi net ze vergläichen ass mat der opwenneger
Evaluatioun, wéi se an aneren Administratiounen aus der Fonction publique agesat gëtt. Déi
komplizéiert Grille fir d’administrativ Servicer ass domadder am Enseignement vum Dësch;
datt d’Grille d’évaluation de Spezifizitéite vum Enseignement ugepasst gëtt;
datt d’Note d’Inspection ofgeschaaft gëtt;
datt den Enseignant d’Méiglechkeet huet, géint seng Appreciatioun Recours beim Mediateur
vun der Fonction publique anzeleeën. Esou e Recours gouf et bei der Note d’inspection jo
net.
5° D‘Tâche vum Stagiaire gëtt der Remuneratioun ugepasst.
Stage pour les enseignants de l’enseignement fondamental
Les stagiaires devront effectuer un stage d’une durée de trois années. La rémunération s’élèvera
respectivement à 80% du traitement de l’enseignant entrant en fonction pendant les deux premières
années et à 90% du traitement de l’enseignant entrant en fonction pendant la troisième année. La
décharge accordée aux stagiaires sera de deux heures par semaine pendant les deux premières
années de stage et d’une heure par semaine pendant la troisième année de stage.
Pour les stagiaires, la tenue des leçons d’appui pédagogique pendant la totalité du stage sera
remplacée par des activités pédagogiques liées à leur insertion professionnelle.
Le MENFP et le SNE se sont mis d’accord sur une réduction de stage qui pourra être accordée aux
stagiaires qui, au-delà du diplôme requis pour l’accès à la carrière briguée, pourront se prévaloir
d’une formation supplémentaire ou d’une expérience professionnelle en relation avec le poste visé.
La demande de réduction de stage est à introduire selon les règles définies dans le cadre afférent. En
cas de réduction de stage, la rémunération s’élèvera respectivement à 80% pendant la première
année et à 90% pendant la deuxième année du traitement de l’enseignant entrant en fonction
pendant les deux premières années.
Le MENFP veillera à ce que le volume de formation du stagiaire ne dépasse pas le nombre d’heures
de décharges accordées.
En principe, chaque école peut accueillir des stagiaires.
Les conseillers pédagogiques qui s’occupent de plusieurs stagiaires bénéficieront de leçons de
décharge.
> Den SNE huet sech dofir agesat:
-
-
-
datt de Schoulmeeschteren eng Reductioun de Stage vun engem Joer ufroe kann. Wann déi
Reductioun de Stage accordéiert gëtt, fält ee Joer Stage mat 80 % Remuneratioun ewech, an
déi 2 verbleiwend Stagejoere gi matt 80%, respektiv 90% remuneréiert. Den Enseignant
kënnt doduerch och ee Joer éischter an de Genoss vu sengem volle Gehalt;
datt den Aarbechtsvolume (Stage théorique et Insertion professionnelle) vum Stagiaire
proportional zu senger Decharge ass. De Stagiaire kritt eng Decharge vun 2 Stonnen (déi
zwee éischt Joren) an eng Stonn (dat drëtt Joer) an déi 1 ½ Stonn vum Appui pédagogique
kann hien fir seng Insertion professionnelle benotzen. Dat alles zesumme gerechent mécht
3,5 Stonnen d’Woch déi zwee éischt Jore vum Stage an 2,5 Stonnen dat lescht Joer vum
Stage;
datt d’Ausmooss vun der Formatioun vum Stagiaire net iwwert d‘Zuel vu sengen
Dechargestonnen eraus geet.
6° Déi berufflech Carrière
> Wat déi berufflech Carrière ugeet, ass et eis drëm gaangen, datt dem
Schoulmeeschter seng Carrière net ofgewäert gëtt an déi nei Kollegen net
manner verdénge sollen.
La classification de la carrière de l’instituteur
Le MFPRA, le MENFP et le SNE se sont mis d’accord pour fixer le traitement de fin de carrière des
nouveaux instituteurs à 500 points indiciaires en ajoutant un 10ième échelon ayant l'indice 500 au
grade 14, mais en plafonnant parallèlement les traitements des instituteurs, traitement de base
respectif et prime de 12 p.i. comprise, à 500 points indiciaires.
An dëse wirtschaftlech schwéieren Zäite musse mir den Acquis social vum zukünftege
Schoulmeeschter ofsécheren. An den deposéierte Gesetzestexter huet d’Bachelor-Carrière fir de
Schoulmeeschter bei 480 Punkten opgehalen, wougéint all déi aner Bacheloren nach een
Allongement de grade vun 20 Punkten haten.
Dofir ass et an eisen Ae ganz wichteg, datt déi zukünfteg Schoulmeeschteren een Echelon vu 500
Punkten am Barème bäigesat kruten. D’Prime vun 12 Punkte bleift bestoen a gëtt ausbezuelt bis de
Schoulmeeschter de leschten Echelon erreecht huet. Wuelverstane kann een duerch d’Majoration
d’échelon bis op 522 Punkte kommen.
> Den SNE huet an dësem Punkt erreecht :
-
-
datt d’Carrière vun deenen zukünftege Schoulmeeschtere bei 500 Punkten ophale wäert. Bis
elo hält d’Carrière vun de Schoulmeeschteren, déi no 2009 agestallt gi sinn, bei 480 Punkten
op. Dëst ass eng liicht Verbesserung par Rapport zu der haiteger Situatioun;
datt den neie Schoulmeeschter no sengem Stage um 5. Echelon am grade 10 ufänke
kann. Par rapport zur allgemenger Bestëmmung an der Fonction publique huet den
SNE, zesumme mat der CGFP erreecht, datt dem Schoulmeeschter säin éischten
Echelon no der Nominatioun net de 4ten, mä de 5ten Echelon am grade 10 ass, fir ze
garantéieren datt dem neie Schoulmeeschter näischt verluer geet par Rapport zum E5;
> D‘Gesetzestexter an d‘Reglementer mussen dëse Punkte genee esou
Rechnung droen. Wann dat net esou ass, da gëllt dësen Accord och net an da
si mir och bereet vun alle méigleche syndikalistesche Moyene Gebrauch ze
maan
De Comité central vum SNE-CGFP

Documents pareils