David Viaggi
Transcription
David Viaggi
GEMENGEWAHLEN 2011 BIISSEN David Viaggi 28 Joer Léif Matbiergerinnen a Matbierger, Als Biisser Jong sinn ech an dëser Gemeng an der rue des Moulins, och nach „A PAFEND“ genannt bei mengen Elteren, dem Manuela Rocconi a mengem Papp, dem Steve Viaggi gebierteg vu Mäerzeg, opgewues. No menger Primärschoul hei zu Biissen hunn ech meng Première am Dikrecher Kolléisch gemaach, fir duerno mäin Informatik-Studium op der Uni Lëtzebuerg ofzeschléissen. Mëttlerweil schaffen ech beim Verkéiersverbond, dëst ass een établissement public vum Nohaltegkeetsministär, vun deem och d’Mobilitéitszentral géréiert gëtt. Soziales vollbréngen ech am Biisser Futtballsclub, wou ech zënter 2006 als Caissier a Sekretär täteg sinn, souwéi säit 2008 als diploméierten Trainer, d‘Dammen am Veräin trainéieren. Mir läit vill un onser Gemeng. Ech kennen hir Geschicht, hire Charme, d’Funktionalitéit a wees dës an all hire Formen ze schätzen. Duerfir wär ech frou, wann Dir mir Ärt Vertraue géift schenken, fir e Mandat mat deem ech am Sënn vun der Allgemengheet schaffe kann a fir de Charakter an d’Liewensqualitéit zu Biissen opriicht ze halen. Ënner anerem géif ech mech gären asetzen a folgende Beräicher: Renovéiere vun der Spillschoul, moderniséiere a mediatiséiere vun der Primärschoulsinfrastruktur. Ausbaue vun de rekreativen Zonen (Geiwels, Um Maart, Alen Tipp) an dem Fitness-Parcours. Konzipéiere vun engem finanzéierbare "Centre sportif et culturel" am Sënn vun alle Biisser Veräiner. Beliewe vum Duerfkär duerch d‘Schafe vun neien Aktivitéiten a gläichzäiteg eise Biisser Leit eng Aarbechtsgeleeënheet bidden. Villmools merci fir Är Ënnerstëtzung David VIAGGI fir weider Informatiounen oder Ureegunge stinn ech Iech gären zur Verfügung T. 621 62 25 10 oder E-Mail: [email protected] ELECTIONS COMMUNALES 2011 BISSEN David Viaggi 28 Joer Chères citoyennes, chers citoyens, Né à Bissen, j’ai grandi rue des Moulins, dit „A PAFEND“, auprès de mes parents, Mme Manuela Rocconi et de mon père, Monsieur Steve Viaggi de Mertzig. A l’issue de l’école primaire, effectuée à Bissen, j’ai eu mon diplôme de fin d’études secondaires au Lycée de Diekirch, suivi d’études informatiques accomplies auprès de l’université de Luxembourg. Actuellement, je travaille en tant que collaborateur auprès du « Verkéiersverbond », établissement public sous la tutelle du Ministère du développement durale et des Infrastructures, depuis duquel est gérée la Centrale de Mobilité. Je suis engagé auprès du club de football de Bissen, au sein duquel je suis actif depuis 2006 en tant que caissier et secrétaire. Depuis 2008, je suis également entraîneur diplômé de l’équipe féminine de football. Notre commune me tient beaucoup à cœur, je connais son histoire et j’estime son charme, sa fonctionnalité et son rôle. C’est pourquoi, je me réjouirais de pouvoir bénéficier de votre confiance et de recevoir votre mandat, qui me permettra de travailler en votre faveur, pour vous et avec vous afin de contribuer à une meilleure qualité de vie dans notre commune. En outre, j’aimerais m’engager dans les domaines suivants : Rénovation de l’école maternelle, modernisation et médiatisation des infrastructures de l’école primaire. Aménagement des zones récréatives (Geiwels, Um Maart, Alen Tipp) et du parcours de fitness. Conception d’un "Centre sportif et culturel" finançable au profit de tous les clubs de la commune. Régenération du centre du village par l’installation de nouvelles activités et la création de nouveaux postes de travail. Je vous remercie de votre confiance David VIAGGI Pour des informations supplémentaires, je reste à votre entière disposition. T. 621 62 25 10 oder E-Mail: [email protected]